hklb.lu - Harmonie Kleinbettingen

Example domain paragraphs

D' Klengbettener Musek gouf den 30. August 1894 vun Eisebunner an Douanieren déi zu Betten stationéiert waren ënnert dem Numm "Musik-, Gesang- und Feuerwehrverein Bettingen" gegrënnt. D' Gesang- an Pompjeessektioun sinn zimlech fréi opgeléist ginn an am Laf vun de Joren krut de Veräin den Numm Fanfare Kleinbettingen. Am Joer 1968 ass aus der Fanfare eng Harmonie ginn. An säit 2006 ass d' Harmonie Kleinbettingen eng ASBL.

Den 31. Dezember 2022 hate mir 90 Memberen:

Am Laf vum Joer spillt Musek zeg Concerten an Cortègen. Mee ob verschidden Evenementer sinn mir besonnesch houfreg: eisen Show-Concert am November wou mir extra Deeler aus der Museksgeschicht erëm opliewen loossen; säit 2016 spillen d' Musikanten mat der Ënnerstëtzung vun Kollegen och erëm  Theater ; Ufank September kenn Grouss an Kleng en flotten Weekend zu Stengefort um Dag um Wéier erliewen.